Wonnerbare Gest zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Am Kader vum 80. Gebuertsdag vum Här Pierre Keup, resp. hirer Gëllen Hochzäit, hunn den Här & d’Madame Keup-Dhur de Romain Richer, President vun der ONG, op Wäisswampech agelueden, fir him e Scheck am Wäert vu 6.000 € ze iwwerreechen an iwwer dee Wee d’Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der sympathescher Koppel säi grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an hinne verséchert, datt d’Suen integral an de Projet fléissen, wou am Moment den Ausbau vun de Schoulinfrastrukture vu Zambélé mam lokale Partner realiséiert gëtt. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten am ONG.News 20/2017, dee weiderhin erofgeluede ka ginn: ONG-News 2017.

Mir wënschen dem Här Pierre Keup nodréiglech all Guddes fir säin héije ronne Gebuertsdag an him a senger Madame nach vill schéi gemeinsam Joren am Krees vun hirer Famill.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert