Eis Nationalpresidentin Nelly Meyers invitéiert op 44. Landjugenddag

E puer Wuert vun eiser „Nach“-Nationalpresidentin Nelly Meyers am Virfeld vum dësjärege Landjugenddag, deen den 10. Mee 2018 vun der LLJ Cliärref zu Ischpelt organiséiert gëtt

Léif Frënn a Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend,

1975 huet déi Clierfer Landjugend den 1. Landjugenddag organiséiert – deemols scho mam Zil, fir déi Jonk während engem Dag am ländleche Raum zesummenzeféieren an hinnen d‘Méiglechkeet ze ginn, fir d‘Dierfer am Land kennenzeléieren.

D’Organisatioun vun engem Landjugenddag, wou ëmmerhin honnerte jonk Leit beienee kommen, ass ëmmer mat vill Aarbecht verbonnen a verlaangt een enormen Asaz vun deem zoustännege regionale Landjugendgrupp.

De Membere vum regionale Landjugendgrupp Cliärref – mat hirem President, dem Fränz Schlechter – soen ech elo schonn e grousse Merci fir d’Organisatioun vun dësem Dag. Iech mäi Respekt fir Äert Engagement am Intressi vun der Lëtzebuerger Landjugend! Dir iwwerhuelt Responsabilitéit, wéi et och all eis aner regional LLJ-Gruppen an Aarbechtsgruppe maachen, fir déi weider grouss Aktivitéiten ëmzesetzen, déi regelméisseg bei der LLJ ustinn.

Responsabilitéit iwwerhuelen

Laut dem 2-Jores-Rhythmus steet esou dëst Joer erëm eis 36-Stonnen-Aktioun um Programm. Während dem Weekend vum 22. bis 23. September 2018 engagéieren sech déi 7 regional Landjugendgruppen, fir op benevoller Basis e Projet am Intressi vun der Allgemengheet ze realiséieren.

Während der Aktioun, déi sech – wéi schonn ernimmt – op 36 Stonne limitéiert, ginn d’Memberen aus deenen eenzelne Landjugendgruppen zesummen eng Aarbecht un, déi zur Verschéinerung vum Duerf bäidréit oder eng nëtzlech Ariichtung fir d’Bewunner aus der Géigend duerstellt. D’Aufgab, déi ze realiséieren ass, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert, mee bleift bis dee leschte Moment geheim. Esou si Grill-, Rascht- a Spillplazen, Chaleten, Wanderweeër, en Adventure-Park, … a villes méi zënter 2000 a verschiddene Gemengen am Land duerch den Asaz vun der Lëtzebuerger Landjugend entstanen.

En héije ronne Gebuertsdag fir d‘LLJ

Doniewent si mir stolz, fir dëst Joer op eng laang Geschicht, wou den Engagement vu jonke Leit grouss geschriwwe war/ass, zréckkucken ze kënnen. Eis Associatioun feiert hiren 90. Anniversaire!  Och wa sech zënter de Grënnerjore villes geännert huet, esou sinn déi grouss Ziler vun deemools nach ëmmer gülteg. Wéi deemools stellen sech déi Verantwortlech vun eiser Associatioun nach haut an den Déngscht vum jonke Bauer an der Jugend aus dem ländleche Raum.

Wann een déi immens Dynamik an deene jeeweilege regionalen LLJ-Gruppen oder an den Aarbechtsgruppe gesäit, brauch een sech wierklech keng Suergen ëm d‘Zukunft vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren ze maachen.

Wiessel un der Spëtzt vun eiser Associatioun

Éier et konkret mat de Feierlechkeeten ëm den Anniversaire gëtt, steet awer nach e Wiessel un der Spëtzt vun eiser Associatioun un. Um Landjugenddag zu Ischpelt iwwerhëlt deemno d’Angèle Mersch mäi Mandat vun der Nationalpresidentin vun der LLJ a.s.b.l., dat ech 2015 ugaange sinn. Dem Angèle wënschen ech elo scho „Bonne chance“ a vill Satisfaktioun bei hirem Engagement fir d’LLJ.

Merci

Ech wëll dann awer och d’Geleeënheet notzen, fir elo schonn dem Här Député-Maire Emile Eicher an de Gemengeresponsable vu Clierf e grousse Merci auszedrécken, datt si sech fir d’Duerchféierung vum Landjugenddag an hirer Gemeng ausgesprach hunn.

Iech all invitéieren ech heimat ganz häerzlech op Ischpelt a wënschen äis all e schéinen Dag um 44. Landjugenddag.

Nelly Meyers
LLJ-Nationalpresidentin

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert