Eng Ham fir de gudden Zweck aus dem Buttek „Um Haff“ vu Lelleg

Op hirem Stand op der dësjäreger Foire Agricole vun Ettelbréck (FAE) huet d‘Famill Clemens-Schintgen aus dem Buttek „Um Haff“ vu Lelleg (www.buttek-umhaff.lu) op en Neits eng Ham fir de gudden Zweck offréiert. Déi Interesséiert konnten d’Gewiicht vun der Ham fir e klenge Géigepräis schätzen.

D’Ham hat e Gewiicht vu 4.300 gr. Well zwou Damme genau dat Gewiicht geschat haten, huet d‘Lous entscheet. D’Ham geet deemno un eng Damm vu Berscheid an Däitschland. Den Trouschtpräis krut eng Damm vu Feelen. Si konnt direkt e Stéck Ham vun 2 kg mat heem huelen. Déi zwou Gewënnerinnen hunn sech immens gefreet.

Den Erléis (200 €) vun dëser sympathescher Aktioun, déi scho fir déi drëtte Kéier op der FAE vun der Madame Marianne Clemens-Schintgen organiséiert ginn ass, kënnt der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ zegutt.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir der Famill Clemens-Schintgen e ganz grousse Merci fir dës flott Initiativ.

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.