Holzstee vun der ANF zugonschte vun eiser ONG

Am Kader vun der Foire Agricole 2018 huet d’Administration de la Nature et des Forêts (ANF) eng Holzstee zugonschte vum Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren organiséiert. Bei där Geleeënheet si 44 Ster Holz, 120 m3 Hackschnitzel, e klenge Chalet an 2 Bänken ënner den Hummer komm.

D’Zomm vun 3.350 €, déi esou bei der spontan organiséierter Stee erakomm ass, fléisst integral an d’Aktioun „Geseems fir d’Produzenten am Burkina Faso“, déi de Verwaltungsrot vun der ONG am Kader vun engem rezente Kooperatiounsprojet op der FAE lancéiert huet. Dëse Kooperatiounsprojet huet zum Zil, fir d’Produktiounskapassitéite vun de lokale Produzenten duerch den Asaz vun der Traction Asine, den Accès u landwirtschaftlecht Aarbechtsgeschir an d’Verbesserung vun den Techniken ze optimiséieren.  E gëtt vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère cofinanzéiert.

Deene Verantwortleche vun der ANF – an am Speziellen dem Här Théo Moulin, deen d’Koordinatioun vun der Stee iwwerholl hat –  huet d’Marie-Claude Dornseiffer-Marx, Vizepresidentin, am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG e ganz grousse MERCI ausgedréckt, fir dëse schéine Gest zugonschte vum Bauerestand am afrikanesche Land.

Och eisem Frënd a fréiere President vun der LLJ, dem Christian Hahn, soe mir e grousse Merci, fir säi sympatheschen Asaz an der Funktioun vum Ausriffer.

 

 

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.