Am Kader vun de Parlamentswahlen 2018: Diskussiounsronn zur Zukunft vun der Landwirtschaft

– Formatioun – Regional Vermaartung – Diversifikatioun – Waasserschutz –

 

e Mëttwoch, den 12. September 2018 am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck

Mat de Vertrieder aus de Parteien:

ADR: Dr. Jean SCHOOS, Parteipresident
CSV:  Madame Martine HANSEN, Deputéiert
Déi Gréng: Här Gérard ANZIA, Deputéierten
Déi Lénk: Här Philippe SCHUMANN, Coordinateur fir de Bezierk Norden
DP: Här Fernand ETGEN, Landwirtschaftsminister
LSAP: Här Romain SCHNEIDER, Minister

D’Diskussiounsronn zum Thema „D’Zukunft vun der Landwirtschaft“ mat deenen uewe genannte Parteievertrieder – op déi d’Verantwortlech vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.“ (LLJ) den 12. September 2018 an de Festsall vum LTA agelueden haten – ass bei den Acteuren aus der Landwirtschaft an de jonke Memberen vun der LLJ op groussen Interessi gestouss.

D’Parteievertrieder hunn sech de Froe gestallt, déi déi Jonk aus dem Secteur bewegen an am Virfeld vum Owend un de fréieren RTL-Radio-Moderator Daniel NEPGEN erubruecht gi sinn.

Wärend der Table ronde sinn deemno folgend Haaptfroen aus dem Bléckwénkel vun deene sechs Parteie beliicht ginn:

    • Gëtt et iwwerhaapt eng Zukunft fir d’Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg?
    • Gëtt „Bauer sinn“ méi intressant?
    • Wa jo, duerch wat?
    • Duerch en Ëmklammen op 100% Bio?
    • Duerch e séchert Grondakommes?
    • Duerch aner Ausbildungsweeër fir déi Jonk?
    • Oder doduerch, datt d’Produktioun sech net just op Liewensmëttel beschränkt?

 

Fotoen: Angèle Mersch, Fränz Schlechter, Jos Fischbach

 

Fotoen, LLJ

Comments are closed.