Feier vum 90. Anniversaire vun der LLJ

Am Zeeche vun der Frëndschaft

Iwwer 700 Gäscht (Autoritéiten, Frënn, Ancienen an aktuell Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“) haten sech e Samschdeg, den 10. November 2018 an der Däichhal zu Ettelbréck afonnt, fir den 90. Anniversaire vun der Associatioun an engem adequate Kader ze feieren.

A Vertriedung vun all deenen, déi d’Jugendorganisatioun zu hirer Zäit geleet hunn, sinn déi fréier Presidenten, Urbain MULLER am Video-Reportage (1961 – 1968), Charles GOERENS (1972 – 1977), EU-Deputéierten, Roger WEBER (1975 – 1980), Gast WELBES (1985 – 1989), Simone MARX (1994 – 1998), Tom LEONARDY (2002 – 2007) an desweideren déi fréier National-Aumônieren, de Chanoine Léon KIRSCH (1970 – 1991) an de Generalvikar Leo WAGENER (1991 – 2011), wärend enger interessanter Talkronn op déi markant Evenementer aus dem Liewe vum Verband an deene jeeweilegen Zäitspanen agaangen.

D’Talkronn ass vum Christian HAHN geleet ginn, dee selwer vun 2007 bis 2011 President vun der LLJ war.

Deenen aktuellen Nationalpresidenten Angèle MERSCH a Marc ROEDER an deenen engagéierte Memberen aus dem Nationalcomité, déi an deene leschte Woche vollen Asaz gewisen hunn, fir dës Manifestatioun op d’Been ze stellen, ee ganz grousse MERCI!!!

 

Fotoen, LLJ

Comments are closed.