Gratulatioune fir den 80. Gebuertsdag vum fréieren Nationalaumônier Léon Kirsch

Haut (20/11/2018), am spéide Moien, hunn d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch a Marc Roeder zesumme mam Romain Richer, President vun der ONG „LLJ – Service Coopération“, de Chanoine Léon Kirsch, fréieren Nationalaumônier vun eiser Associatioun, besicht, fir him nodréiglech – am Numm vum Nationalcomité, resp. vum Verwaltungsrot vun der ONG – fir säin 80. Gebuertsdag ze gratuléieren.

Wärend dësem sympatheschen Treffen ass den Här Kirsch mat senger gewinnter sprëtzeger an erfrëschender Manéier – ënner anerem – op den 90. Anniversaire vun der Associatioun agaangen, dee bekanntlech den 10. November an der Däichhal zu Ettelbréck a Präsenz vu villen Invitéeë gefeiert konnt ginn. An deem Kontext ass hien, wéi och scho wärend der Talkronn op der Bühn an der Däichhal, op verschidde markant Evenementer aus deene vergaangenen Zäite vun eiser Jugendorganisatioun agaangen.

Mir wënschen dem Här Kirsch vun Häerzen nach vill schéi Jore bei gudder Gesondheet. Desweidere wënsche mir him, datt hien deen Humor behält, deen him eegen ass.

Foto: François Glodt

 

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.