Wonnerbare Gest vun de Jeunes Mamans vu Miersch

Foto: Charel Reiser

E Freideg, den 1. Februar 2019 hunn d’Jeunes Mamans vu Miersch op eng net alldeeglech Scheckiwwerreechung an d’Veräinshaus op Miersch agelueden. D‘Madame Sylvie Hames, Presidentin vun de Jeunes Mamans vu Miersch, huet do ëmmerhin d’Vertrieder vu fënnef verschiddenen Hëllefsorganisatioune begréisst, déi am In- a wäiten Ausland an ënnerschiddleche Beräicher fir eis Matmënschen täteg sinn.

Ageluede waren d’Associatiounen Action pour un Monde Uni, Dysphasie.lu, Schrëtt fir Schrëtt, Wonschkutsch a Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération, déi jeeweils e Scheck am Wäert vu 4.000 € vun deene sympatheschen an äusserst aktiven Dammen iwwerreecht kruten. Déi erstaunlech Zomm hunn si bei Geleeënheet vun hiren traditionelle Second-Hand-Mäert erwirtschaft, déi si zënter laange Joren am Interessi vun der gudder Saach organiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun eiser ONG soe mir der Madame Hames an hirer Equipe e ganz grousse MERCI fir dëse wonnerbare Gest.

Nächst Second-Hand-Mäert vun de Jeunes Mamans Mersch: de 7., 8. an 9. Mäerz 2019 am Hall Irbicht zu Biereng/Miersch.

Mat gudde Kleeder, déi Dir weiderreeche wëllt, kënnt Dir d’Damme bei hiren Aktiounen ënnerstëtzen. Fir weider Informatiounen: snos@pt.lu. 


LLJ

Comments are closed.