Réckbléck am Bild op eis dësjäreg uerdentlech Generalversammlung, déi gëschter Owend (24/05/2019) mam gängege Programm am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale ginn ass, mat:
- Begréissung vun der Assemblée duerch d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch, Marc Roeder
- Aktivitéitsbericht vun der LLJ, virgedroe vun der Vizepresidentin Véronique Reiff
- Aktivitéitsbericht vun de Fleeschranner-Jongziichter virgestallt vum Tresorier Reuter Jérôme
- Aktivitéitsbericht vun der Aktioun Fro de Bauer, presentéiert vum President Reuter Jérôme
- Aktivitéitsbericht vun der Ekologescher Landwirtschaftsberodung, déi an Zesummenaarbecht mam OekoZenter Pafendall organiséiert gëtt, presentéiert vum Ekologesche Landwirtschaftsberoder Jacobs Marc
- Keesebericht vun der LLJ, virgedroe vum Tresorier Pol Majerus
- Rapport vum Keeserevisor Remy Harpes (entschëllegt Kim Salentiny-Siebenaller)
- Virstellung vun den Aktivitéiten aus de 7 regionale Landjugendgruppen: Landjugend Cliärref, Landjugend Dikkrich, Landjugend Furen, Landjugend Maacher, Landjugend Süden, Landjugend Uewersauer, Landjugend Zenter
- Virstellung vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl, déi am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso geleescht gëtt
- Ausbléck op den Exercice 2019 -2020, duerch d’LLJ-Presidenten
Fotoen: François Glodt