LLJ.News 2/2019

D’Zeitung vun der Landjugend an de Jongbaueren

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/20198) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Mëtt Juni 2019 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

 

  • déi „2. Editioun vum Bauerenhaff an der Stad“, déi iwwer de Weekend vum 6. – 7. Abrëll 2019 bei der „Gëlle Fra“ vun der LLJ organiséiert ginn ass
  • de „45. Landjugenddag“, deen den 30. Mee 2019 vum regionale Landjugendgrupp Maacher zu Berbuerg organiséiert gëtt
  • d’Opleschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2019 – 2020 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • d’Virstellung vum neien ekologesche Landwirtschaftsberoder Marc Jacobs
  • d’Virstellung vun der Sensibiliséierungsaktioun Fro de Bauer duerch d‘Lisa Jacqué
  • d’Virstellung vum Grupp Zuucht duerch hire neie President Raoul Gerekens
  • de Programm, deen d’ONG fir hire 60. Anniversaire op der Foire Agricole virgesinn huet

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren
  • d’Cuvée Jubilée, déi am Kader vum 60. Anniversaire vun der ONG vu FRU by Georges Schiltz elaboréiert ginn ass

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ

Comments are closed.