De Verwaltungsrot huet 2012 deem haitege Weibëschof Leo Wagener säi grousse MERCI fir säi laangjäregt Engagement am Interessi vun der ONG mat enger wäertvoller Ikon ausgedréckt

Am Numm vum Verwaltungsrot felicitéiere mir vun Häerzen eisem fréieren Nationalaumônier, dem Här Chanoine Leo Wagener, fir seng Nominatioun zum Weibëschof vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg.

Den Abbé Leo Wagener war bekanntlech vun 1991 bis 2011 e ganz beléiften Nationalaumônier vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ an huet zousätzlech iwwer laang Joren, d’Funktioun vum President vun der ONG « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.» assuréiert. Hien dréit zënter 2012, wou hien an de Bistum gewiesselt ass, den Titel vum Éierepresident vun eiser Hëllefsorganisatioun.

BRAVO Leo!


Au nom du Conseil d’administration nous exprimons nos félicitations les plus sincères au Chanoine Leo Wagener pour sa nomination récente au poste d’Évêque auxiliaire de l’Archidiocèse de Luxembourg.

Durant de longues années (1991 – 2011), Monsieur l’Abbé Wagener exerçait la fonction d’Aumônier national au sein des associations regroupées dans la « Jeunesse rurale et Jeunes agriculteurs du Grand-Duché de Luxembourg ». Il y occupait également la fonction de Président de notre ONG et porte toujours – à juste titre – la fonction de Président honoraire de notre association de bienfaisance.

BRAVO Leo !

 

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.