Am Kader vum 60. Anniversaire – d’ONG op der Foire Agricole 2019

Am Kader vun der Foire Agricole 2019

  • Expo-Stand mat Informatioune ronderëm d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren zënter 1959 am Déngscht vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika leescht
  • Gespréichsronne mat Bauerevertrieder aus dem Burkina Faso
  • Kanneratelieren
  • Afrikanesch Musek / Danz / Kichen
  • Gewënnspill ronderëm d‘Aktiounen am Interessi vun de Produzenten am Burkina Faso
  • Verkaf vun der Cuvée Jubilée „K6N“ vu FRU by Georges Schiltz

 


Programm


E Freideg, de 5. Juli 2019

Workshops fir d’Grondschoulklassen (Cycle 1 – 4.2), vun 09:00 bis 15:00 Auer: Afrikaneschen Danz a Gesang, Animatioun: Sada Diagne mat engem Perkussionist

 

E Samschdeg, de 6. Juli 2019

Table ronde zum Thema De Klimawandel a säin Impakt op déi landwirtschaftlech Familljebetriber am Burkina Faso“, vun 11.00 bis 12:00 Auer

Am Burkina Faso weist sech de Klimawandel engersäits duerch d’Klamme vun den Temperaturen an anerersäits duerch méi onreegelméisseg Nidderschléi, wat zu méi Dréchent an zu méi Iwwerschwemmunge féiert.

 Fir d’Landwirtschaft huet dëst dramatesch Konsequenzen: manner Ertrag, méi Aarbecht an Ausgabe fir d’Produzenten, d’Beanträchtegung vun der Buedemfruchtbarkeet duerch Buedemerosioun. De Klimawandel bedréit d’Liewensmëttelsécherheet vun de Populatiounen, déi gréisstendeels „Selbsternährer“ sinn an deenen hir Liewensweis e minimale klimatesche Foussofdrock huet.

Spriecher :

  • Marc GANSONRÉ, Secrétaire général CPF (Confédération paysanne du Faso) & FEPAB
  • M. Pol FABER, Ingénieur agronome, expert en agriculture, environnement et développement
  • M. Philippe LHOSTE, Agronome, zootechnicien, expert en traction animale
  • Mme Marie-Claude MARX, Vice-présidente de l’ONG
  • Moderatioun: Nadine Gautier

 

No der Table ronde, géint 12:15 Auer (10 Minutten): Expressioun am Danz zum ThemaDe Klimawandel a säin Impakt op déi landwirtschaftlech Familljebetriber am Burkina Faso“: Optrëtt vum Sada Diagne mat engem Perkussionist

Afrikanesch Musek an Danz, um 15:00 Auer (30 Minutten): Optrëtt vu Museker & Dänzer

 

E Sonndeg, de 7. Juli 2019

Table ronde zum Thema „D’Ënnerstëtzung vum Asaz vun Aarbechtsdéieren an de Familljebetriber am Burkina Faso“: vun 11:00 bis 12:00 Auer

Den Asaz vun der Kraaft vum Déier ass a ville Länner am Beräich vun der Landwirtschaft, wou d‘Baueren hir Felder mat einfache Methoden an op der Hand beakeren, nach ëmmer aktuell. Duerch d’Zréckgräifen op Schaffdéiere kann d’Aarbecht op de Felder wesentlech vereinfacht ginn an d’Produktioun gesteigert ginn. Doriwwer eraus kann d’Liewensmëttelsécherheet optimiséiert an déi extrem Aarmut ënnerbonne ginn.

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (fréier : Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer) hunn an de 60er Jore vum leschte Joerhonnert hiren Deel dozou bäigedroen, fir d’Aarbecht mam Iesel op de Felder anzeféieren. Dëse Volet hëlt och nach haut eng wichteg Plaz an de Kooperatiounsprojeten an, déi d’ONG am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika realiséiert.

Spriecher :

  • Romain SCHNEIDER, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
  • Marc GANSONRÉ, Secrétaire général CPF (Confédération paysanne du Faso) & FEPAB
  • Philippe LHOSTE, Agronome, zootechnicien, expert en traction animale
  • Marc ROEDER, Président LLJ a.s.b.l.
  • Carlo SCHILTGES, Vice-président de l’ONG
  • Moderatioun: Nadine Gautier

 

No der Table ronde, géint 12:15 Auer (10 Minutten): Expressioun am Danz zum Thema:D’Ënnerstëtzung vum Asaz vun Aarbechtsdéieren an de Familljebetriber am Burkina Faso“: Optrëtt vum Sada Diagne mat engem Perkussionist

Afrikanesch Musek an Danz, um 15:00 Auer (30 Minutten): Optrëtt vu Museker & Dänzer

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.