LLJ.News 2/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Juni 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • Eis Aktiounen, déi d‘Solidaritéit mat deenen, déi wärend der Covid-19-Pandemie fir äis all am Asaz waren/sinn, ënner Beweis stellen
  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2020 – 2021 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Furen, iwwer d’Zesummesetzung vum neie Comité an iwwer d’Aktivitéite vum lokale Grupp
  • de Mike Meyer, Chargé vum Service d’information pour jeunes (SIJ) vun der LLJ, stellt sech vir

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • d’Aktioun „Fro de Bauer“ (vum Lisa Jacqué, Responsabel fir d‘Sensibilisatioun)
  • rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer en neie Kooperatiounsprojet am Burkina Faso
  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféiere

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail info@jongbaueren.lu

LLJ

Comments are closed.