Lëtzebuerger Mëttig mat der LLJ Cliärref

 

D` Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. an der Zesummenaarbecht mat dem Café Restaurant “A Péitesch” invitéiert ganz häerzlech op den:

🇱🇺 “Lëtzebuerger Mëttig” 🇱🇺

Sonndeg, den 11. Oktober bei Péitesch zu Eeselbuer, um 12:00 Auer.

Mir zerwéieren Iech ee leckere Menü aus regionalen a saisonale Produkter.

Menü:
– Kürbiszopp
– Trio de Boeuf (Hamburger, Faux-Filet, Ragout) mat Gromperepüree
– Dessert

Präis 25€/Persoun

Wéinst den aktuelle Moossname sinn d’Sëtzplaze begrenzt. D`Umeldung fir d`Mëttegiessen ass bis den 8. Oktober 2020 erwënscht um:
Tel.: 691 621 976 oder per E-Mail: schlfr@hotmail.com

D`Landjugend Cliärref freet sech fir ee schéinen Dag mat Iech ze verbréngen.

 

LLJ

Comments are closed.