LLJ.News 3/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.3/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn September 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi deemnächst ustinn:

  • En Artikel vun der LLJ-Nationalpresidentin Angèle Mersch iwwer den Asaz vun der LLJ op der éischter virtueller Foire Agricole
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Cliärref, iwwer hir Aktivitéite virun a wärend der Corona-Zäit
  • e flotte Réckbléck op d’Theaterstéck „Alarm op der Beautyfarm“ vun der LLJ Süden
  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2020 – 2021 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, dem Landjugendgrupp Cliärref an der ONG iwwerholl hunn

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • de Buff fir d’Membere vun der LLJ
  • rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer den aktuelle Kooperatiounsprojet am Burkina Faso
  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel.: 44743 – 252 oder per E-Mail: info@jongbaueren.lu

LLJ

Comments are closed.