“Games of Norden” hëlleft am Süden!

Déi 10. Mini-Entreprise aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt) spillt Kaarten an der “School of cards”

Am Projet vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg asbl) konnten déi 12 Schüler vun der 2e testen, wéi gutt si sech als Start-up géife maachen.

Am selwer entwéckelten Trumpf-Kaartespill “Games of Norden” trieden 32 Gemengen aus dem Norde géinteneen un, fir sech a 6 Kategorien ze moossen : vun der Unzuel vun Awunner, iwwert d’Bëschfläch bis bei d’Unzuel vu Firmen oder Schoulkanner.

D’Schüler hu vill Initiativ gewisen, fir d’Kaartespill – trotz CORONA-Restriktiounen – ënnert d’Leit ze kréien.

Dowéinst ass et méiglech gewiescht, en Don an der Héicht vun 2.000 € un d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl” ze maachen. Domat hëllefen d’Schüler beim Ausbau vun enger Schoul am Burkina Faso, déi, fir hiren Eegebedarf ze decken, an erneierbar Energien investéiert, wéi z.B. Solarpanelen an e Waasserbuer.

Sonja Laures
Regente vun der 2e


Am Numm vum Verwaltungsrot vum Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren soe mir de Schüler, hirer Regente an der Direktioun vum LTEtt e ganz, ganz grousse MERCI fir dëse schéine Gest zugonschte vun der Schoulcommunautéit vu Zambélé am Burkina Faso.


Foto vun der Scheckiwwerreechung vum 21.10.2020 (v.l.n.r.): Mini-Entreprise-Vertriederin Liz Survaci, LTEtt-Direkter Fränk Fries, Mini-Entreprise-Vertrieder Johan Piron, Sous-Direkter Yves Monville, ONG-President Romain Richer, Regente Sonja Laures

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.