D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) wëllen alle Leit op eng speziell Manéier schéi Chrëschtdeeg wënschen. Dofir fueren si e Samschdeg, de 26. Dezember 2020 vu 16:00 Auer un, am Cortège mat hiren Trakteren, déi si fir Chrëschtdag dekoréiert hunn, laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen.
Méi Informatiounen zu den eenzelne Weeër vum Cortège vun den Trakteren fannt Dir hei:
- Trajet LLJ Cliärref: http://g-o.lu/3/nQb8
- Trajet LLJ Dikrich/LLJ Furen: http://g-o.lu/3/EXUD
- Trajet LLJ Maacher: http://g-o.lu/3/o0FD
- Trajet LLJ Süden: http://g-o.lu/3/LDi1
- Trajet LLJ Uewersauer: http://g-o.lu/3/UpN5
- Trajet LLJ Zenter: http://g-o.lu/3/1lCu
D’Membere vun der LLJ wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir 2021!