Dem Museker Pierre NIMAX en Äddi an e grousse Merci

Am Numm vun de Memberen an Anciene vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) dréckt den Nationalcomité der Famill vum verstuerwenen Här Pierre NIMAX sen. säin oprichtegt Bäileed aus.

Niewent senge villsäitegen Engagementer an der Lëtzebuerger Musekswelt, huet dee fréieren Dirigent vun der Militärmusek a Maître de Chapelle vum Groussherzoglechen Haff och eenzel grouss Evenementer vun eiser Jugendorganisatioun musikalesch begleet.

Esou huet hien 1988 d’Gebuertsdagshymn (Uergel a Pauken) an d’Fanfare Jubilaire „Eng Zukunft fir eis Dierfer“ (Uergel a Pauken) fir de 60. Anniversaire vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” (haut: LLJ) komponéiert. Béid Stécker sinn deemools an der Mäerteskierch zu Diddeleng vum Här Pit NIMAX jr. op der Uergel an der Madame Charlotte ERNST op de Pauke gespillt a fir d’Kassett vum Jubiläum opgeholl ginn.

Och am héijen Alter huet den Här NIMAX e weidere musikalesche Bäitrag fir d’LLJ geleescht, an 2018 de Jongbaueren a Jongwënzer-Marsch fir den 90. Anniversaire vun der Associatioun komponéiert.

D’Memberen an d’Anciene vun der LLJ sinn sech der grousser Unerkennung bewosst, déi de begeeschterte Museker der Associatioun iwwer dee Wee ausgedréckt huet. Si wäerten den Här Pierre NIMAX sen. ëmmer a gudder Erënnerung behalen.

 

LLJ

Comments are closed.