D’Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg ënnerstëtzen d’Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso

Foto: Charles Reiser

Am Numm vum Verwaltungsrot vun eiser ONG soe mir de Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg e ganz grousse MERCI fir dee schéine Gest zugonschte vun de Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso.

D’Vereenegung vun de Wiewerinne vu Zambélé huet d’Aufgab, hir aktuell 45 Memberen ze encadréieren (Formatiounen, Beschafung vu Material, …) an et hinnen ze erméiglechen, fir e klengt Akommes fir si an hir Familljen iwwer de Wee vun der Produktioun vun héichwäertegem Stoff ze generéieren.

Enn 2020 ass eis ONG der Nofro vun der Vereenegung nokomm an huet d’Aktioun „Ënnerstëtzung vun de Wiewerinne vu Zambélé“ lancéiert, fir déi dynamesch Damme bei hirer wäertvoller Aufgab zur Säit ze stoen. Mat der Aktioun solle folgend Poste finanzéiert ginn:

Beschafung vun 2 Wiefstill 3.660,00 €
Transport vun de Wiefstill    460,00 €
Klengt Material 1.525,00 €
Formatiounen / Encadrement 1.200,00 €
Total 6. 845,00 €

An der Tëschenzäit konnt eng éischt Tranche (2.145 €) vun dëser Zomm op den Terrain iwwerwise ginn. Déi Verantwortlech hunn äis viru Kuerzem matgedeelt, datt domat ee vun de Wiefstill bestallt konnt ginn. D‘Ënnerstëtzung vun de Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg erméiglecht et de Frae vu Zambélé elo, sech mat engem weidere Wiefstull ze ekipéieren.

Niewent deem, deen un d‘Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg geriicht ass, geet eise MERCI och un eis weider Donateuren, déi d’Aktioun spontan no der Publikatioun ënnerstëtzt hunn. BRAVO!

fg

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.