Jongbauerendag 2021

E Sonndeg,den 28. November 2021 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag invitéiert. Och wa mir nach wäit ewech vun « Normalitéit » sinn, konnt dëse wichtege Rendezvous dëst Joer nees a Presenz vun den Éieregäscht an de Memberen ofgehale ginn.

Nei dëst Joer war de Standuert, wuel nach  ëmmer an der Akerbauschoul awer net méi Ettelbréck mee um neie Site zu Gilsdref.

An der grousser Aula gouf hei fir eng éischte Kéier de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert,  deen och live op de Soziale Medien iwwerdroe ginn ass, fir déi Leit déi de Wee an de Lycée Technique Agricole net konnten op sech huelen.

De Mgr Leo Wagner, Weibëschof vu Lëtzebuerg, huet séngersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst an säi Grousswuert u d’Leit geriicht.

De Prof. Dr. Thore Toews huet e Referat zum Thema: „Kommende Energiekrise und die daraus resultierenden wirtschaftlichen Folgen für die Landwirtschaft“ vill interessant Themen ugeschwat an opgegraff.

Zum Schluss hunn de Ben Schmitgen an de Charel Welbes, Membere vum Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, déi agrarpolitesch Stellungnam virgrdroen, wou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider am Dialog mat hinnen, reagéiert huet.

LLJ

Comments are closed.