Eng nei Presidentin fir d’LLJ

Zënter dem 46. Landjugenddag, deen den 26. Mee 2022 vun der Landjugend Uewersauer zu Harel organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Marthe Bourg. Si assuréiert deemno – zesumme mam  Luc Emering – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.

Bekanntlech gëtt d‘Associatioun zënter de Modifikatioune vun de Statute vum 15. Abrëll 2016 vun zwee Presidente gefouert:

  • Dee professionelle Volet ronderëm d’Jongbaueren ass zënter dem 22. November 2020 vum Luc Emering iwwerholl ginn;
  • deen éischter op Fräizäitaktivitéiten ausgeriichte Volet vun der Landjugend fält deemno neierdéngs an den Zoustännegkeetsberäich vum Marthe.

Bedéngt duerch nei berufflech a privat Erausfuerderungen huet d’Virgängerin vum Marthe hire Récktrëtt am Nationalcomité am Abrëll 2022 bekannt ginn. Geschwënn drop huet d’Marthe sech bereet erkläert, fir d’Funktioun vun der Presidentin vum 26. Mee 2022 un ze iwwerhuelen.

D’Angèle Mersch huet eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2018 un, mat vill Geschéck a Fangerspëtzegefill gefouert. Mir soen eiser fréierer Presidentin heimat e ganz grousse MERCI fir hiert grousst Engagement am Interessi vun deene Jonken an eiser Associatioun.

Mam Interview an der nächster Editioun vum LLJ.News wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir de Memberen, Frënn a Sympathisante vun der LLJ eis nei Presidentin virzestellen.

LLJ

Comments are closed.