Aktioun “roude Stiwwel”

Um Freideg Moien, de 16. September hu sech bestëmmt vill Leit um Wee fir op d’Aarbecht, gewonnert, firwat op ville Plaze laanscht d’Stroosse gréng Kräizer mat engem roude Stiwwel stinn. Séier hu sech verschidde Rumeuren op de soziale Medie verbreet, mee dës sollte séier gekläert ginn.

An der Nuecht vum 15. op de 16. September hu mir an Zesummenaarbecht mat de Jongwënzer vun der Vinsmoselle an dem Service Jeunesse – Lëtzebuerger Bauerejugend vun der Centrale Paysanne ronn 350 dëser Kräizer uechtert d’Land opgestallt. E gréngt Kräiz mat engem roude Stiwwel, dee Kapp iwwer hänkt, als Symbol vum net méi gebraucht ginn an dem Stierwe vun eise grénge Betriber.

Fir eisem Ierger an eiser Verzweiflung Gehéier ze verschafen, hu sech déi 3 Jugendvertrieder zesummegedoen an d’Aktioun “roude Stiwwel” an d’Liewe geruff.

Ustouss fir dës Aktioun, war dat neit Agrargesetz, wat Ufank August vun eisem Landwirtschaftsminister op den Instanzewee bruecht ginn ass. Zwar stinn hei zum Deel Saachen dra mat deene mir eis als jonk Bauere kënnen identifizéieren, mee nach laang net mat allem, a scho guer net wéi dëst Gesetz zustan komm ass, sou eisen Nationalpresident Luc Emering wärend der Pressekonferenz de 16. September virum Landwirtschaftsministère.

Laang hu mir gemengt, mir géinge konstruktiv matschaffen an eppes bewierken, fir dach herno ze gesinn, dass mir einfach ignoréiert gi sinn. Dëst wëlle mir als 3 Jugendvertrieder net méi akzeptéieren an erhoffen eis endlech e konstruktive Dialog mat engem Minister deen eis och fir eescht hëlt a sech fir eis an eiser Weiderentwécklung an an eisem Wuesstum asetze wëll.

Pressemitteilung DE

Pressemitteilung FR

 

LLJ

Comments are closed.