LLJ.News 03/2022

Déi nei Editioun vum LLJ.News (03/2022) an digitaler Form ass fäerdeg!
Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung Enn September 2022 per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi demnächst ustinn:
An dëser Editioun gi mir op folgend Themen an:
– Eis national Aktioun „roude Stiwwel“
– Flott Interviewen mat eiser neier Nationalpresidentin Marthe Bourg an eiser Vizenationalpresidentin Sophie Diderrich
– en Artikel vun der Landjugend Süden, souwéi der Landjugend Zenter iwwert hir Aktivitéiten vun deene leschte Méint a Wochen
Desweideren :
– E Réckbléck op d’Foire Agricole 2022 zu Ettelbréck
– Vun eiser ONG: En Noruff fir de Jo Ballade
– Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren: per Telefon um 447 43-252 oder per Mail info@jongbaueren.lu
LLJ

Comments are closed.