Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht an Afrika duerch de Lely Center an Agri-Produits f

SONY DSCBei Geleeënheet vun hirer Jores-Ofschlossfeier 2012 hunn d’Verantwortlech vum Lely Center – Van Laar s.à.r.l. a vun Agri-Produits s.à.r.l. vun Ischpelt dem Carlo Schiltges, Vize-President vun der ONG  ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’, e Samschdeg, den 12. Januar 2013 e Scheck am Wäert vu 1.500 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika iwwerreecht.

Amplaz vun deenen übleche Jores-Kaddoen fir d’Klienten, hunn sech déi béid Entreprisen dëst Kéier dofir ausgesprach, fir enger ONG hir Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen an  hunn sech deemno fir d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de LJB & JW entscheed. De Verwaltungsrot dréckt deene Verantwortlechen ee ganz grousse Merci aus, fir dëse sympathesche Gest vu Solidaritéit mat der mannerbemëttelter ländlecher Bevëlkerung an Afrika.

An der Presse:
Alcovit, 12. Januar 2013
Lëtzebuerger Wort, 16. Januar 2013

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert