Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun 2015

E Sonndeg, de 4. Oktober huet de regionale Landjugendgrupp Cliärref op deen dësjäregen Dag vun der Kooperatioun invitéiert.

Den traditionellen Dag zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, deen 1991 vum Landjugendgrupp Zenter initiéiert gouf, konnt dëst Joer eng éischte Kéier vun deene “Cliärrefer” organiséiert ginn.

Vun 1991 bis 2010 huet den Dag zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” all Joer zum feste Bestanddeel vum Aktivitéitskalenner vun der Landjugend Zenter gezielt. Fir hir Kollegen a Frënn vum “Zenter” ze entlaaschten – déi sech all 2. Joer ëmmer méi intensiv op de Mähdreschercross preparéiere mussen – hat sech d’Landjugend Maacher an de Joren 2011 an 2013 bereet erkläert, fir d’Organisatioun vum Dag vun der Kooperatioun an d’Hand ze huelen. D’Frënn vum Mähdreschercross wëssen, datt den Interessi un dësem Rennen immens zougeholl huet, esou datt op deene leschten Editiounen iwwer 6.000 Visiteure gezielt konnte ginn. De Grupp stéisst deemno u seng Grenze vun deem, wat fir hien a Punkto Aktivitéite machbar ass.

Fir awer niewent dem “Zenter” an deene “Maacher” och deenen anere regionale Landjugendgruppen – wéi Cliärref, Furen, Dikkrich, Süden an Uewersauer – d’Geleeënheet ze bidden, fir hire Bäitrag ze leeschten, wat d’Sensibiliséierung am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht betrëfft, gouf op enger rezenter Journée de réflexion vun der “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer” proposéiert, datt och si, d’Iddi vun enger “Journée de sensibilisation” iwwerhuele kënnten. De Comité vun der Landjugend Cliärref huet sech doropshin spontan bereet erkläert a seng Verantwortung geholl.

Wéi dës Fotoen et beweise kann d’Aktioun vun deene Verantwortleche vun deene Cliärrefer als grousse Succès betruecht ginn. Si konnte vill vun hire jonke Membere fir déi gutt Saach motivéieren esou datt vill Frënn a Bekannte vum regionale Grupp a vun der ONG um Rendez-vous waren.

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir dem Comité – mat sengem President Fränz Schlechter – an alle jonke Membere vum Grupp e ganz grousse Merci fir dee beispillhaften Asaz am Hall polyvalent zu Klierf.

 

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref

Hannerlooss eng Äntwert