LLJ.News 3/2018

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.3/2018) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 25. September 2018 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an der Associatioun ustinn a maachen e Réckbléck op déi, déi an deene leschte Wochen organiséiert gi sinn:

  • den 90. Anniversaire vun der Associatioun, deen den 10. November 2018 zu Ettelbréck an der Däichhal am Kader vun enger “Entspaanter Soirée ënner Frënn” gefeiert gëtt
  • den Dag vun der Kooperatioun, op deen d’LLJ Zenter den 18. November 2018 op Rammerich invitéiert
  • deen exemplareschen Asaz vun den LLJ-Memberen op der Foire Agricole 2018 vun Ettelbréck

 

Doniewent mécht eis jonk Nationalpresidentin Angèle Mersch vun hirer Säit aus en éischte Bilan vun hiren Erfarungen un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun.

Dës Kéier sinn et dann d’LLJ-Gruppen “Furen” an “Zenter”, déi hire gutt gefëllten Aktivitéitsprogramm presentéieren. Si ënnersträichen an dësem Blat, datt si – wéi kann et anescht sinn – “gär derbäi sinn, wou eng lass ass”.

An dëser Zeitung gi mir dësweideren eise fréieren Entwécklungshelfer Antoine Mailliet a Marcel Scheidweiler d’Geleeënheet, fir op d’Ufäng vun eisem Schaffen zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso zréckzekommen. D’Madame Jacqueline Monville, Chargée de projets, stellt uschléissend en aktuelle Kooperatiounsprojet vun der ONG vir, deen un dat 10-järegt Wierke vun deen deemolegen Entwécklungshelfer am afrikanesche Land uknäppt.

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ

Comments are closed.