Réckbléck am Bild op eis dësjäreg uerdentlech Generalversammlung, déi den 6. Mee 2022 mam gängege Programm am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Gilsdref ofgehale ginn ass, mat:
- Begréissung vun der Assemblée duerch d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch, Luc Emering
- Aktivitéitsbericht vun der LLJ, virgedroe vun de Vizepresidenten Marthe Bourg a Max Blom
- Aktivitéitsbericht vun der Aktioun Fro de Bauer, presentéiert vum President Marc Jacobs
- Aktivitéitsbericht vun der Ekologescher Landwirtschaftsberodung, déi an Zesummenaarbecht mam OekoZenter Pafendall organiséiert gëtt, presentéiert vum Ekologesche Landwirtschaftsberoder Marc Jacobs
- Keesebericht vun der LLJ, virgedroe vun den Tresoriere Pol Majerus a Charles Welbes
- Rapport vun de Keeserevisore Pierre Laugs (entschëllegt Patrick de Leeuw)
- Virstellung vun den Aktivitéiten aus de 7 regionale Landjugendgruppen: Landjugend Cliärref, Landjugend Dikkrich, Landjugend Furen, Landjugend Maacher, Landjugend Süden, Landjugend Uewersauer, Landjugend Zenter
- Virstellung vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl, déi am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso geleescht gëtt
- Ausbléck op den Exercice 2022, duerch d’LLJ-Presidenten
Fotoen: Mylène Schrenger