Chrëschtmette mat Krëppespill am Stall zu Houfelt

Datum: 25. Dezember 2013
Auerzäit: 00:15
Zu: Houfelt
Organisatioun: LLJ - JB & JW Cliärref
Kontakt: Tel. 691 871 385

Zesumme mam Abbé Romain Richer, Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer, an dem Pastoralreferent Werner Michels, invitéiert d’Lëtzebuerger Landjugend Cliärref, de 25. Dezember 2013 um 00:15 Uhr op de Betrib vum Marc Zeimes (Maison 57) op Houfelt an d’Chrëschtmetten.

Während dem Gottesdéngscht am Stall vum Betrib, gëtt d’Chrëschtgeschicht vum hellege Franz vun Assisi an engem Krëppespill virgedroen. D’Mette gi musikalesch vum Chouer vun Helzen, Houfelt und Weller encadréiert.

Uschléissend invitéiert d’Landjugend op Chrëschtstollen a Glühwein. Den Erléis vun der Aktioun ass fir e gudden Zweck.

FacebookTwitter
LLJ Cliärref

Comments are closed.