E Merci fir eis Memberen, déi op der FAE 2013 am Asaz waren

Datum: 15. Juni 2014
Auerzäit: 10:00
Zu: Péiteng, Nidderkuer
Organisatioun: LLJ - JB & JW
Kontakt: 44743 - 252

Fond-de-GrasFir d’Memberen vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer

An deene leschten Nationalkomiteeë gouf festgehal, fir mat all deenen, déi sech op der Foire Agricole 2013 – oder sech am Allgemengen fir eis Associatiounen – engagéiert hunn, en Tour mam Train 1900 (Dampmaschinn) um Fond de gras (Nidderkuer) ze maachen. Dono gëtt am Café „Bei der Giedel“ giess an e puer flott Stonne matenee verbruecht.

Départ vum Bus:

– 7.55 Auer Wämperhaart Shell Tankstell
– 8.10 Wëntger Primärschoul
– 8.30 Schumannseck Parking
– 8.55 Ettelbréck Däichwisen
– 9.15 Kielen Busarrêt vis-à-vis vun der Gemeng
– 9.50 Fond de Gras

Programm um Fond de Gras:

– 10.00 Auer Départ vun der Minièresbunn (Grupp 1)
– 10.00 Visite vum Fond de Gras (Grupp 2)
– 11.30 Départ vun der Minièresbunn (Grupp 2)
– 11.30 Visite vum Fond de Gras (Grupp 1)
– 13.00 Iessen am Restaurant bei der Giedel

Fir déi, déi wëllen: Nomëttes besteet d’Méiglechkeet, fir en Tour mam Train 1900 ze maachen

– 17.00 Auer Départ fir Heem

D’Umeldung ass bei deene respektive Gruppesekretären ze maachen. Si soen bis den 30. Abrëll 2014 an der Zentral am Convict Bescheed, wéivill Leit aus deem respektive Grupp matginn.

FacebookTwitter
LLJ

Comments are closed.