Generalversammlung vun der LLJ asbl

Datum: 26. Juni 2020
Auerzäit: 20:15
Zu: Kierch zu Ettelbréck
Organisatioun: LLJ asbl
Kontakt: 44743-252

Fir d’Membere vun de regionalen LLJ-Gruppen (Landjugend Cliärref, Landjugend Dikkrich, Landjugend Furen, Landjugend Maacher, Landjugend Süden, Landjugend Uewersauer, Landjugend Zenter) den Aarbechtsgruppen (Agrarpolitik, Grupp Zuucht, Fleeschranner Jongziichter, Fro de Bauer) an dem Nationalcomité vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.”

Wichteg Informatioune fir de korrekten Oflaf vun der uerdentlecher Generalversammlung an dëse COVID-19-Zäiten:

•D’Generalversammlung gëtt ausnamsweis an der Kierch zu Ettelbréck ofgehalen. Dëst erlaabt äis, déi virgeschriwwen Distanzen ënnereneen anzehalen an d’Ustiechungsgefor op e Minimum ze reduzéieren.

•Aus organisatoresche Grënn muss jidderee sech bis de Mëttwoch 24. Juni 2020 um 12 Auer beim Mike umellen:
-Iwwer Mail (info@jongbaueren.lu)
-Iwwer Telefon oder Whatsapp 621 423 567

•De Social distancing mat all deem, wat dat beinhalt a wat vun den Autoritéiten an deem Kontext virgeschriwwen ass, ass deemno verständlecherweis de Mot d’ordre vum Owend (Schutzmasken, Desinfektioun vun den Hänn am Agangsberäich, Distanz halen,…)

•An der Kierch däerf just all zweet Rei besat ginn. Tëschent zwou Persoune mussen ëmmer 2 Still fräigelooss ginn. Esou ass d’Droe vu Schutzmaske wärend der Versammlung net obligatoresch. Aus dem Auto eraus – bis op d’Sëtzplaz – a vice-versa ass e Mundschutz awer obligatoresch.

FacebookTwitter
LLJ

Comments are closed.