Visite de coopération

Datum: 8. September 2014
Auerzäit: 08:00
Zu: Zoétélé a Soa am Kamerun
Organisatioun: LJB & JW - Service Coopération a.s.b.l.
Kontakt: 44743 - 252

Vum 8. September  – 16. September 2014

Fir déi interesséiert Memberen vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer.

Um Programm vun der Rees stinn d’Visite vun de Kooperatiounsprojeten, déi d’ONG mat dem lokale Partner, de Soeurs de Sainte-Marie, zu Zoétélé an zu Soa am Kamerun ëmgesat huet, resp. vum neie Kooperatiounsprojet, deen am Laf vum Joer 2014 zu Soa realiséiert gëtt.

Doniewent gëtt d’Kenneléiere vu Land a Leit grouss geschriwwen. En touristesche Volet komplettéiert de Programm vun dëser 2. Kooperatiounsrees, déi vum Abbé Romain Richer, Nationalaumônier, fir d’Memberen vun der LLJ – JB & JW organiséiert gëtt an hinnen en Abléck an d’Aarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” bidde soll.

D’Umeldungen fir d’Rees gi bis de 16. Dezember 2013 an der Zentral vun de Verbänn entgéint geholl, um Tel. 44743 – 252.

 

FacebookTwitter
LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.