Landjugenddag 2007 – Usprooch Remy Harpes

Fir eng selbstänneg a verantwortungsbewosst Jugend

Usprooch vum Remy Harpes, Nationalprësident vun der Lëtzebuerger Landjugend um 33. Landjugenddag, op Christi-Himmerfahrt, de 17. Mee 2007 zu Veinen


De Remy Harpes (3. vu riets) mat engem Deel vun den Eiregäscht zu Veinen an der Larei

Léif Éiregäscht, léif Frënn a Memberen vun der Lëtzebuerger Landjugend. Ganz bewosst zielen ech elo net jiddereen vun eisen Éieregäscht op, och wann ech natiirlech frou sinn, dass si de Wee bei äis fonnt hunn; Dëst ass jo den Dag vun der Landjugend – respektiv vun der Jugend am Allgeméngen – an dofir sollen si haut am Mëttelpunkt stoen!

Et gëtt jo alt emol gäeren iwwert d´Jugend gelästert. Sou heescht et z. B.: D´Jugend vun haut! Wat ass dat ee Kaméidi vu Musek, déi déi haut lauschteren!? … Wann déi Generatioun virun äis awer emol ganz éierlech ass, da muss si agestoen, datt si genau daatselwecht zu hierer Zäit reprochéiert krut. D`Jugend vun haut ass deemno net besser oder méi schlecht wéi deemols, mee si ass einfach anescht ewéi fréier an si ass och esou, wéi dat Ëmfeld an deem si opwiisst.

Méi Méiglechkeeten – méi Geforen

D´Méiglechkeeten, déi sech engem Jonke bidden, sinn hautdesdaags enorm, sou dénkt sech bestëmmt deen een oder aaneren:

Mat engem Kolleg aus New York oder Peking iwwer Webcam kommunizéieren ass jo haut kee Problem. Allerdings kann ee grad esou gutt an enger virtueller Welt géint een aanere Krich spillen, déi haut, méi wéi je, reell duergestallt ka ginn;

D’Transportméiglechkeeten sinn haut Top – wéi z.B. ee kuerze City-Tripp op London oder Barcelona. Mee firwat net e kléngen Akaafsbummel, fir Canabis zu Amsterdam ze beschafen?

Mir all si gefuerdert

Esou eng Beispiller kéint een der vill opzielen. Dës zwee beweisen awer schonn datt d’Jugend vun haut mat ganz anere Problemer konfrontéiert gëtt ewéi dat fréier de Fall war. Fir deem entgéint ze wierken si mir alleguerten gefuerdert, d’Politik, d’Elteren an och d’Jugendveräiner.

An der Politik ass sëcherlech an deene läschte Joeren vill geschitt: D’Ganzdagesbetreiung an Hausaufgabenhëllef an der Schoul; Jugendhaiser an deenen nierft der Schoul Fräizäitaktivitéiten ugebueden ginn. Dëst ass bestëmmt eng gutt Saach, wann ee gesäit datt vill Elterenhaiser de ganzen Dag iwwer eidel stinn. Bei dëse Beispiller ass allerdings alles vun den Erwuessenen organiséiert – déi Jonk brauchen sech ëm näischt ze këmmeren. Och doheem am Hotel Mama ass vun den Elteren alles beschtens organiséiert – dee Jonken brauch sech just verwinnen ze loossen.

Muss hien sech awer mol eleng débrouilléieren, wees hien sech guer net unzeleeën. Dëse Phänomen gëtt schonn a villen Jugendveräiner festgestallt. Kennt e jonke Member z.B. an e Club des Jeunes, erwaart hien e kompletten Encadrement vum Veräin. Heescht et awer Responsabilitéit iwwerhuelen, da wëll… – ech géif éischter soen – traut hien sech net der Verantwortung ze stellen.

Hei ass et also, wou d’Politik an och d’Elteren den Hiewel mussen usetzen. Deem Jonken esou fréi ewéi méiglech kléng Responsabilitéiten uvertrauen, fier dass hien esou e Gefill dofir kritt, wat et heescht, e verantwortungsbewosste Member vun der Gesellschaft ze ginn – am Respekt fir zu séngem ganzen Entourage a fir d’Emwelt.

Eis Stäerkt

Dëse Punkt ass sëcher eng grouss Stäerkt vun eisem Jugendveräin, well bei äis jiddereen eng Hand mat upake muss. E gutt Beispill dofir ass eis Landjugend-Power-Aktioun. Hei heescht et jo: “Mir wëssen net wat mir maachen, mee mir maachen et fier Iech!” Den 23. – 24. September 2006 hunn déi 7 Landjugendgruppen zäitgläich an enger Gemeng vun hierem Choix, eppes opgeriicht, wat fir den Awunner aus der respektiver Gemeng zegutt kënnt. D’Aktioun ass iwwert eng Zäitspan vu 36 Stonnen gelaf. Samschdes Moies um 08:00 Auer gouf de Projet vun engem Gemengenresponsabelen erkläert – 36 Stonnen méi spéit sollt de Projet da fäerdeg do stoen. Hei huet jiddereen au der Equipe misse matdénken a matschaffen fier d’Zil ze erreechen.

Deemols gouf zu Maarnech, Ierpeldéng, Stolzebuerg, Hénkel, Beetebuerg, Bärel a Réiden geschafft. Dat war dunn och schonn déi 5. Editioun vun eiser Landjugend-Power-Aktioun – et kann een sech jo dann ausrechnen, datt scho munnech Projeten réaliséiert goufen.

Merci

Wann der erlaabt, da well ech dës Geleeënheet notzen, fir nach e puer Leit Merci ze soen:

Fir d’Eischt well ech dem Patrick an sénger Equipe Merci soen, fir hiert Engagement an der Landjugend a besonnesch fir dësen Dag;

Och der Gemeng Veinen e grousse Merci, datt si äis d’Méiglechkeet ginn huet fir mam Landjugenddag an d’Ritterstiedchen ze kommen;

Ee besonnesche Merci geet un eisen Aumônier, de Leo Wagener, fir all déi Aarbechten, déi hien fir äis mécht a fir séng gutt Rotschléi, déi mir vun him kréien;

Awer och der Madame Kickert an dem Franz Glodt well ech fir hir Arbecht am Sekretariat Merci soen, déi si matt vill Éiergäiz an Engagement maachen;

E Merci geet dëst Joer awer och un e ganz besonnesche Gaascht, de Generalsekretär vum CEJA (Conseil Européen des Jeunes Agriculteurs), den Här Arne Mielke aus Däitschland;

De Ministären an all Organisatiounen, déi äis all Joer finanziell ënnerstëtzen, well ech vun hei aus Merci soen;

Den nächste Landjugenddag net wéi gewinnt op Christi-Himmelfahrt,
mee ausnahmsweis op Péngschtsonndeg, den 11. Mee 2008 zu Giewel

Mir bleiwt elo just nach ee Merci, an dee geet un Iech all heibannen, déi den Wee op de Landjugenddag fonnt hunn. Ech sinn ëmmer frou, fir bekannt an och nei Gesiichter bei dëser Geleeënheet ze gesinn. Ech wënschen Iech nach e schéinen Dag an lueden Iech heimat schonn op den nächste Landjugenddag an, deen ausmahnsweis, op Péngschsonndeg, den 11. Mee 2008 zu Giewel vum regionale Landjugendgrupp Süden organiséiert gëtt.

Remy Harpes
Nationalprësident
Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l.


LLJ, LLJ Furen

Comments are closed.