Foire Agricole fir Kanner

Och op der 30. Editioun vun der Foire Agricole (2013) huet den Organisateur de Grondschoulkanner an hirem Léierpersonal en intressanten an ofwiesslungsräichen Dag zu Ettelbréck ugebueden. E Freideg, de 5. Juli 2013 kruten si a verschiddenen Atelieren – déi an Zesummenaarbecht mat den Aussteller ausgeschafft gi sinn – d’Geleeënheet, fir d’Landwirtschaft mat hirer ganzer Villfalt ze entdecken an ze erliewen: Aluedung fir d’Léierpersonal, ofgeschlosse Lëscht vun den Aschreiwungen.

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer hunn hire Bäitrag geleescht an hunn d’Aschreiwunge vun de Schoulklassen  am Virfeld vun der FAE virgeholl, hunn den Accueil vun de Schoulkanner assuréiert a hu Guiden zur Verfügung gestallt, fir d’Kanner iwwer de Site vun der FAE ze féieren. Iwwerzeegt Iech an dëser Billergalerie vum grousse Succès vun dëser flotter Initiativ:

 

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert