Réckbléck op eng weider gutt Editioun vum Jongbaueren- a Jongwënzerdag

E Sonndeg, den 23. November 2014 hunn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer op den traditionelle Jongbaueren- a Jongwënzerdag an de Lycée Technique Agricole op Ettelbréck invitéiert.

Wann och manner politesch Vertrieder um Rendez-vous waren, sou hunn awer vill Vertrieder aus den zoustännege Verwaltungen an och vill direkt Acteuren aus der Landwirtschaft sech et net huele gelooss, fir um Treffen derbäi ze sinn. Et kann een ervirhiewen, datt vill jonk Memberen aus der Associatioun de Wee an de Festsall fonnt hunn.

 

Usprooch vum Jeff Boonen, President vun de LJB & JW

Grousswuert vum Här Chanoine Leo Wagener, Bëschofsvikar, a Vertriedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich

Vita vum Referent, dem Här Prof. Dr. Thore Toews

Introduktioun an d’Thema vum Referat

Agrarpolitesch Stellungnahm

 

Reaktioun an der Press:

“Luxemburger Wort” vum 25/11/2014

 

 

Downloads, Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert