Flotten Dag am Mariandall

E Sonndeg, den 19. Abrëll 2015 hunn déi Verantwortlech vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer, d’Membere vun de Verbänn op e flotten Dag am Mariendall agelueden. Domat wollten si hinnen e ganz grousse Merci ausdrécken, fir hiren Asaz am Interessi vun den Associatiounen am Laf vum leschte Joer an am Spezielle fir hir wäertvoll Hëllef während der Foire Agricole 2014 vun Ettelbréck.

Vill jonk Frënn waren um Rendez-vous, fir e puer flott Stonne mateneen ze verbréngen, sief dat bei der Tandem-Mountain-Bike-Tour, um Héichseelgaart oder iwwer Mëtteg beim Grill.

Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert