Wonnerbare Gest vu Solidaritéit vun de Kommiounskanner vu Walfer

Scheckiwwerreechung Walfer 03-07-2015 - 2Bei Geleeënheet vun hirer Éischter Helleger Kommioun hunn d’Kommiounskanner vu Walfer deelweis op Kadoe verzicht, fir hir Solidaritéit mat de Frae vu Soa am Kamerun zum Ausdrock ze bréngen.

Hei gouf 2014 – mat der Hëllef vun der ONG-D ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ an der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär – am Dispensaire, dee vun de Soeurs de Sainte Marie vu Soa a Zoétélé geréiert gëtt, den Ubau an den Equipement vun enger klenger Maternité realiséiert.

D‘Soeurs de Sainte Marie vu Soa a vu Zoétélé am Kamerun gehéieren zënter laange Joren zu de Partner vun der ONG-D. 2011 – 2012 gouf zu Soa en Dispensaire ausgebaut an equipéiert, fir der grousser Demande vun der Bevëlkerung nozekommen, déi hir medezinesch Versuergung garantéiere sollt. Ufanks 2014 konnten dunn déi éischt Aarbechten un engem neie Fligel am Dispensaire an Ugrëff geholl ginn, deen ausschliisslech de schwangere Fraen an/oder de jonke Mamme mat hire Bébéen zur Verfügung steet. Si gi getrennt vun de Kranken, déi niewendrun am Dispensaire behandelt ginn, en charge geholl.

No der Realisatioun vun dësem eestäckege Bau mat engem Espace fir Accueil, enger Salle d’accouchement, engem Aarbechtsraum, fënnef Eenzelzëmmer an zwee Gemeinschaftszëmmer, stinn de Fraen 13 Better a 7 Wéien zur Verfügung. D’Statioun ass mat deenen néidegen Instrumenter a Maschinnen equipéiert ginn. Dësweidere gouf eng Jeep ugeschaf, déi als Ambulanz agesat gëtt. Alles an allem huet de Projet sech op 236.732,44 € beziffert, vun deenen 2/3 vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär iwwerholl gi sinn.

D’Madame Marie-Claude Dornseiffer-Marx, Vizepresidentin vun der ONG-D, ass e Freideg, den 3. Juli 2015, bei der offizieller Scheckiwwerreechung am Detail op de Kooperatiounsprojet agaang an huet de Kommiounskanner erkläert, datt hiren Don e schéine Bäitrag duerstellt, fir d’Accouchementer an de Suivi vun de Bébéen an der Maternité zu Soa ënner gudde Konditiounen duerchzeféieren. Déi 3.000 €, déi vun de Kanner gespent goufen, fléissen deemno direkt a weidert Material, dat vun de Verantwortlechen ugefrot ginn ass, fir déi kleng Maternité optimal ze equipéieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D drécke mir de Kanner an dem Initiator vun der Aktioun, dem Abbé Leo Wagener, e ganz ganz grousse Merci aus, fir dee wonnerbare Gest vu Solidaritéit.

Weider Informatiounen zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten am ONG-News 2015.

Foto: Gilbert LINSTER

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert