Pressekonferenz zur Image-Campagne „Landwirtschaft“

A Präsenz vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, de Vertrieder aus der zoustänneger Chamberkommissioun, verschiddenen Acteuren aus der Landwirtschaft, der Press – wéi dem „Lëtzebuerger Journal“, dem „Luxemburger Wort“, dem RTL (Tëlee a Radio) an der Fachzeitung „Ziichter“ – a virun allem ville Jonke vun der Associatioun vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“, déi sech aktiv un der Preparatioun vun der Campagne am Interessi vun der Landwirtschaft abruecht hunn, ass de Mëtteg (27/09/2016) zu Wickreng „An Haffen“ am Kader vun enger Pressekonferenz d’Image-Campagne „Landwirtschaft“ offiziell lancéiert ginn.

Wéi de Jeff Boonen (LLJ-President), de Marc Jacobs (President vum Grupp Zuucht) an de Jérôme Reuter (Zoustännege fir d’Campagne) et betount hunn, ziilt d’Aktioun dorop eraus, fir de Konsumenten d’Wichtegkeet vun der Landwirtschaft erëm méi nozebréngen. Iwwer d’Aktioun, déi sech iwwer eng länger Zäit hinzitt, soll de Konsumenten e konkret an éierlecht Bild vun deem vermëttelt ginn, wat d’Produzenten fir den Endverbraucher leeschten.

Virstellung vun der Campagne duerch de Jérôme Reuter an de Marc Jacobs

Power -Point-Presentatioun zur Image-Campagne

Vill weider Informatiounen ënner www.fro-de-bauer.lu an op Facebook: https://www.facebook.com/Frodebauer/?fref=ts

D’Aktioun an der Press:

Luxemburger Wort (28/09/2016)
Lëtzebuerger Bauer (30-09-2016)

 

Downloads, Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert