Eng weider schéin Ënnerstëtzung vun der ONG duerch d’Pensionnairë vun der „Résidence des Ardennes“ vu Klierf

En Dënschdeg, den 22. November 2016, hunn d’Pensionnairë vun der „Résidence des Ardennes” eng zweete Kéier op eng Scheckiwwerreechung zugonschte vun de Kooperatiounsprojete vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren– Service Coopération a.s.b.l.” op Klierf invitéiert.

Am Kader vun enger sympathescher Feier ass de Vertrieder vun der ONG – dem President Romain Richer an dem  Vizepresident Carlo Schiltges – e Scheck am Wäert vun 2.600 € iwwerreecht ginn. Dës Zomm hunn d’Bewunner vum Altersheim am Laf vum Joer duerch de Verkaf vu verschiddene selwergemaachte Produite gesammelt. Op en Neits gouf vun hinne mat vill Léift, Zockerwäffelcher gebak, Gebeess gekacht, Likör gemaach, Strëmp gestréckt a Lavendel-Säckelcher gebitzt, fir se am Interessi vun der gudder Saach un d’Fra/de Mann ze bréngen.

Déi gesammelt Sue fléissen deemno integral an deen aktuelle Kooperatiounsprojet vun der ONG, wou den Ausbau an den Equipement vum Complexe scolaire vu Zambélé am Burkina Faso virgesinn ass. Am Kader vum Kofinanzement gëtt dëse Projet vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère subventionéiert.

Bei där Geleeënheet hunn d’Joy Siebenaller an d’Michelle Schiertz vum regionale Landjugendgrupp Cliärref en Temoignage iwwer hir Bedeelegung un der sougenannter Visite de coopération ginn, déi si am August bis ufanks September 2016 an de Kamerun gefouert huet. Dës Visitë gi regelméisseg vun der ONG fir déi interesséiert Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) ugebueden, fir hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, e konkreten Abléck an d’Aarbecht ze kréien, déi déi respektiv Partner um Terrain am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung a mat der Ënnerstëtzung vun der d’ONG realiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Pensionnairë vun der „Résidence des Ardennes” e ganz, ganz grousse Merci fir hire sympatheschen Asaz zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert