Réckbléck op den Dag vun der Kooperatioun

E Sonndeg, de 6. November 2016 huet d’Landjugend Zenter – an Zesummenaarbecht mat der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération” – op deen traditionellen Dag vun der Kooperatioun zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der LLJ agelueden.

Am Centre Camille Ney zu Ell haten sech eng ganz Rei Membere, Frënn a Sympathisante vun der LLJ afonnt, fir déi Jonk bei hirem Engagement fir déi gutt Saach ze ënnerstëtzen.

Der Equipe ronderëm hire President Fränz Kass soe mir e ganz grousse Merci!

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter

Hannerlooss eng Äntwert