En Tour op d’Musel

E Sonndeg, den 13. November 2016, hunn Presidente vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“, d’Memberen aus dem Nationalcomité an aus de regionale Gruppen op en Tour op d’Musel invitéiert. Mat dësem Tour hunn d’Nelly Meyers an de Jeff Boonen de Memberen hire Merci ausgedréckt, fir den Engagement, deen si iwwer d’Joer erduerch am Interessi vun der Associatioun geleescht hunn – dat am Speziellen op der Foire Agricole 2016.

Um Programm stoung d‘Visite mat Degustatioun an engem gudden Iessen um Domaine Henri Ruppert zu Schengen. Nom Iessen huet de Grupp dovu profitéiert fir d‘Monument vun den Accorde vu Schengen ze besichtegen, éiert en sech op de Wee op Greiweldeng gemaach huet, wou den Dag bei engem gudde Pättchen am Domaine Viticole Stronk-Pinnel ofgeschloss gouf.

Fotoen: Nelly Meyers

Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert