E gutt besichte Jongbauerendag, dee ganz am Zeeche vum Presidentewiessel stoung

E Sonndeg, den 20. November 2016 hunn d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag agelueden, dee ganz am Zeeche vum Presidentewiessel stoung.  No 5 Joer, wou de Jeff Boonen sech voll fir d’Interessie vum Jugendmouvement agesat huet, huet hien deemno seng Funktioun un der Spëtzt vun der LLJ un de Marc Roeder vun Tandel ofginn.

Am – bis op déi leschte Plaze – voll besate Festsall vum Lycée Technique Agricole, huet de Marc dem Jeff e grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz ausgeschwat an ass dunn op d’Aarbecht agaangen, déi am Laf vun 2016 bei der LLJ realiséiert gouf. Dësweideren huet hien d’Haaptaktivitéite virgestallt, déi fir 2017 an der Associatioun programméiert  sinn.

Uschléissend huet den Här Generalvikar Leo Wagener – a Vertriedung vum Här Äerzbëschof –  seng Unerkennung a säin Encouragement un déi Jonk geriicht. Mam interessante Referat vum Här Bernd Lührmann (Dipl. – Ing. agrar FH) kruten déi Concernéiert wichteg Impulser zu der zukünfteger Gestaltung vun der Mëllechproduktioun an der Entwécklung vun hirem Betrib.

An hirer agrarpolitescher Stellungnahm – déi vum Fränz Schlechter a Jos Fischbach virgedroe ginn ass – huet den Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik” op d’Suergen an Belaanger vun deene Jonken am Bezuch op déi aktuell Entwécklungen an der Landwirtschaft higewisen.

D’Schlusswuert gouf vum Här Fernand Etgen, Landwirtschaftsminister, geschwat, deen deene Jonke vun der Associatioun sengersäits och seng grouss Unerkennung a säi Merci ausgeschwat huet, fir déi sëllechen Interventiounen an Aktiounen, déi si ëmmer nees zum  Wuel vun der Landwirtschaft an hiren Acteuren duerchféieren.

Begréissung duerch den oftriedenden LLJ-Nationalpresident Jeff Boonen

Usprooch vum Marc Roeder, neien LLJ-Nationalpresident

Agrarpolitesch Stellungnahm

De Jongbauerendag 2016 am “Wort” vum 22. November 2016

 

Downloads, Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert