Visite vum Här Marc Gansonré, Generalsekretär vun der FEPA-B an der CPF aus dem Burkina Faso

img_2198-1De Generalsekretär vun der „Fédération des Professionnels Agricoles du Burkina“ (FEPA-B) an der  „Confédération Paysanne du Faso“ (CPF) war vum 12. bis 13. Dezember 2016 op Aarbechtsvisite zu Lëtzebuerg

Vum 12. bis 13. Dezember 2016 haten d’Vertrieder vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ d’Geleeënheet, fir sech mam Här Marc Gansonré, Generalsekretär vun der FEPA-B an der CPF um Siège vun der Associatioun iwwer eng eventuell Kollaboratioun an engem zukünftege Projet auszetauschen.

De Projet, deen un déi laangjäreg Kooperatiounsaarbecht am Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine (CTAA) vun Imasgo uknäppe wäert, soll de Bauerevertriedungen, de sougenannte CVDen (Comité Villageois de Développement) vun Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo – an dësweideren an de 16 identifizéierten Dierfer aus hirer direkter Ëmgéigend – zegutt kommen.

Den Här Marc Gansonré ass vu Beruff aus Bauer a mécht sech zënter laange Joren als Syndikalist fir d’Rechter vun de lokale Bauere staark. Deen zukünftege Projet, wou déi grouss Linnen am Mäerz 2017 op der Plaz mat den zoustännege Vertrieder ausgeschafft ginn, soll dozou bäidroen, fir  d’CVDe weiderhin ze stäerken an d‘Liewenskonditioune vun de Produzenten an hire Familljen ze verbesseren.

Op der Foto: En Deel vun de Membere vum Verwaltungsrot vun der ONG zesumme mam Marc Gansonré (v.l.n.r.): Fernande Wolter-Hilgert, Philippe Mitsch, Jacqueline Monville, Marc Gansonré, Romain Richer, Carlo Schiltges

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert