Aktioun BIBLIOTHÉIK fir Zambélé am Kamerun

aktioun-bibliotheik-zambeleZambélé befënnt sech an enger karger an aarmer Géigend vum Burkina Faso, wou déi lokal Bevëlkerung haaptsächlech vun der Landwirtschaft lieft.

Am Kader vun engem éischte Kooperatiounsprojet (2015 – 2016) ass vun eiser ONG e Schoulgebai fir de Primär op der Plaz gebaut ginn. Dësweidere sinn d’Schoul an d‘Duerf mat Drénkwaasser approvisionéiert ginn.

No der exemplarescher Ëmsetzung vun dësem Projet, huet eis ONG eng weider Etapp zu Zambélé fir d’Joren 2016 – 2019 an d’A gefaasst. Domat soll de lokale Partner bei der Realisatioun vun engem Schoulkomplex ënnerstëtzt ginn, deen d’Regroupéiere vum Précoce, dem Primär an dem Secondaire op engem eenzege Site virgesäit. Iwwer dëse Wee soll virun allem garantéiert ginn, datt d’Kanner ënner verbesserte Bedéngunge léiere kënnen an de Passage vun engem Zyklus an deen aneren am eegenen Duerf vereinfacht gëtt.

De Projet riicht sech virun allem un d’Populatioune vu Zambélé an den 11 direkten Nopeschdierfer, (Distanz vu 7 – 8 km), wat en Total vun ronn 19.500 Bewunner ausmécht. Deemno gi mindestens 1.000 Kanner a Jugendlecher/Joer als direkt Beneficiairë viséiert, deenen en adequaten Encadrement an e gutt schoulescht Ëmfeld ugebuede soll ginn.

Fir den Accès un d’Educatioun nach ze verbesseren, wëllen déi Verantwortlech vu Zambélé de Kanner, Jugendlechen – an och Erwuessenen – eng Bibliothéik am Schoulkomplex zur Verfügung stellen.

Mat dëser Aktioun soll dës Bibliothéik mat folgendem Material equipéiert ginn:

324 Bicher: 2.287,00€
Etagèren a Miwwel fir d’Bibliothéik: 2.833,00€
Solar-Panneauen, Batterien a Luuchten: 3.739,00€
E Computer fir d’Gestioun vun de Bicher: 810,00€

Total: 9.669,00€

——————————————————————————————

Action BIBLIOTHÈQUE pour l’école de Zambélé au Burkina Faso

Le village de Zambélé est situé en zone aride et pauvre, où l’agriculture représente l’activité principale de la population. Notre premier projet sur place (2015-2016) a consisté à construire des classes pour l’école primaire, et à approvisionner l’école et le village en eau potable.

Suite à ce succès, nous poursuivons notre intervention avec un second projet (2016-2019) visant à créer un complexe scolaire qui regroupe les niveaux préscolaire, primaire et post-primaire sur un même site, en vue d’assurer une meilleure formation des enfants et de faciliter leur passage d’un cycle à l’autre à proximité de leur village.

Le projet s’adresse directement aux populations de Zambélé et de 11 villages environnants dans un rayon de 7-8 km, soit 19.500 habitants. Au terme du projet, au moins 1.000 enfants/jeunes seront scolarisés chaque année et bénéficieront d’un encadrement et d’un environnement scolaire de qualité.

Pour améliorer encore l’accès à l’éducation aussi bien pour les enfants que pour les adultes, le village de Zambélé souhaite aménager une bibliothèque au sein du complexe scolaire :

324 livres: 2.287,00€
Des étagères et meubles pour la bibliothèque: 2.833,00€
Des panneaux solaires, batteries et lampes: 3.739,00€
Un ordinateur pour la gestion des livres: 810,00€

Total : 9.669,00€

——————————————————————————————

Wann Dir d’Aktioun ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat maache mat engem Don un d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.”

Vous pouvez soutenir l’action par le biais d’un virement sur un des comptes en banque de l’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.”

CCPL: LU05 1111 0050 3083 0000
CCRA: LU32 0090 0000 0157 8004

Vermierk / Mention: Aktioun „Bibliothéik fir d’Schoul vu Zambélé“

Ären Don ass steierlech ofsetzbar!
Votre don est déductible des impôts

Mir soen am Viraus e grousse Merci, fir all Ënnerstëtzung!
De Verwaltungsrot vun der ONG

Nous vous remercions pour votre soutien!
Le conseil d’administration de l’ONG

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert