En neie Logo fir d’LLJ a.s.b.l.

D’Catia Biel huet mat Freed den Optrag vum LLJ-Nationalcomité ugeholl, fir e flotten a moderne Logo fir d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren ze kreéieren

No der Reorganisatioun vun den Associatioune vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, déi bekanntlech am Laf vun 2016[1] virgeholl ginn ass, gouf d’Decisioun geholl, fir sech en neie Logo ze ginn.

Wéi mir dunn am Nationalcomité iwwer d‘Iddi vum neie Logo geschwat hunn, hunn ech de Membere vun der LLJ d’Propos gemaach, dëst mat engem Concours mat menger Schoul – dem Lycée de Garçons de Luxembourg (LGL) – ze verbannen. Mam Accord vum Nationalcomité hunn ech de Projet deemno menger Klass –  der 2E aus dem LGL – virgestallt, déi sech direkt bereet erkläert huet, mat mir dorun ze schaffen.

Meng Klass huet mir vill verschidde Skizze matbruecht, déi ech am Nationalcomité presentéiert hunn a wou mir äis no ville verschiddene Meenungen, fir ee Modell decidéiert hunn.

Véier wichteg Themen am Logo ëmgesat

Fir de Logo ze gestalte sinn ech op véier wichteg Themen agaangen:

D’Thema vun eiser laangjäreger Geschicht hunn ech mat der Form vun der Schrëft “Landjugend“ a „Jongbaueren“ ëmgesat.

D’Tatsaach,  datt mir e jonke Grupp sinn, dee mat der Zäit matgeet, hunn ech probéiert an der Schrëft vun „LËTZEBUERGER“, „A“ an „ASBL“ erëmzespigelen.

Schlussendlech hunn ech d’Theme Landwirtschaft an Natur doduerch illustréiert, datt um Logo eng Schicht Buedem ze gesinn ass, déi fir d‘Landwirtschaft elementar ass, zwou Schichte Waasser, well zwou vun eise Landesgrenzen duerch Flëss gekennzeechent sinn, zwee Beem, well e Groussdeel vun eisem Land aus Bësch besteet an eng Sonn, déi fir eis Planzen extrem wichteg ass.

Et erfëllt mech mat Freed, datt den Nationalcomité mir dës Aufgab uvertraut huet! Ech hoffen, de Logo gefält Iech deemno genausou gutt, wéi dat fir mech a meng Klass de Fall ass.

[1] Am Schnupperexemplaire vum LLJ-News (Nr. 0 / Oktober 2016), fënnt ee weider Informatiounen zu der rezenter Reorganisatioun vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert