Nei Bestëmmungen zum Dateschutz

Wichteg Informatioun fir d’Membere vun der LLJ a.s.b.l, fir d‘Abonnenten vum LLJ.News a fir d’Memberen oder d’Donateure vun der ONG

Am Hibléck op déi ustehend Ëmsetzung vun den EU-Bestëmmungen zum Dateschutz (25. Mee 2018) wëlle mir heimat de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l., den Abonnente vum LLJ.News an de Memberen/Donateure vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. versécheren, datt mir an eisen Datebanke just déi néidegst Informatiounen iwwer si féieren an och weiderhi keng sensibel Date sammele wäerten.

Deemno stinn an deene respektiven Datebanke just den Numm, de Virnumm, d’Adress a – wa verfügbar – d’Email-Adress vum LLJ-Member, vum Abonnent vum LLJ.News oder vum Member/Donateur vun der ONG.

Vun de Comitésmemberen aus deene 7 regionalen LLJ-Gruppen – déi domat och Member vum Nationalcomité vun der LLJ a.s.b.l. sinn –  si mir dësweidere verflicht, fir de Gebuertsdatum an d’Land/d‘Uertschaft, wou de Member gebuer ass, unzefroen. Dës Donnéeë musse bei den alljäerleche Modifikatiounen um Registre de Commerce et des Sociétés (RCSL) agedroe ginn.

Jiddereen, deen net méi an eisen Datebanke gefouert wëllt ginn, kann äis gäre kontaktéieren, fir datt mir hien direkt am Fichier suppriméieren: per Email secretariat@jongbaueren.lu oder per Bréif un LLJ a.s.b.l., 5 avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg. Aus verständleche Grënn kann dës Ufro net iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm den néidege Versteesdemech.

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert