Wonnerbar Geste vu Solidaritéit mam Burkina Faso vun der LLJ Cliärref an dem Lely Center Urspelt

Am Kader vun der dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. konnt de Romain Richer, President vun eiser Hëllefsorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. direkt 2 Schecken fir d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso entgéint huelen.

Iwwer dee Wee ass deemno engersäits déi impressionnant Zomm vu 4.500 € un d’ONG gaangen, déi um Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017, vum regionale Landjugendgrupp erwirtschaft gouf.

Dësweidere huet den Här Luc Van Laar vum Lely Center Urspelt a fréiere Member vun der LLJ Cliärref, d‘ONG mat engem Scheck vun 1.250 € ënnerstëtzt. Dës Zomm kënnt aus dem Erléis vum Buffet vun der Feier zum 10. Anniversaire vum Betrib.

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir der Equipe ronderëm de Fränz Schlechter, President vun deene Cliärrefer, an deene Verantwortleche vum Lely Center Urspelt, e ganz grousse MERCI fir dës wonnerbar Geste vu Solidaritéit mat de mannerbemëttelte Bauerefamilljen am Burkina Faso.

Fotoen: Chris Bewer

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref

Hannerlooss eng Äntwert