D’Aktioun “Fro de Bauer”

Wann aus enger Iddi beim Patt eng flott Initiativ gëtt

 

Ech erënnere mech nach gutt drun, wéi mir beim Patt souzen a gesot hunn, et misst een eppes maachen. Dat heescht, eppes ënnerhuelen, fir de Bauer aus senger defensiver Haltung – géintiwwer deem ëmmer méi kritesche Konsument – an d’Offensiv ze goen:

  1. Fir de Leit emol erëm d’Fakten aus der Landwirtschaft méi nozebréngen, amplaz se gleewen ze loossen, déi Reklammen op der Tëlee géifen d’Realitéit erëmspigelen,
  2. fir de Konsumenten erëm ze weisen, wou a wéi hir Liewensmëttel entstinn a wéi dës Produktiounen eis Kulturlandschaft prägen.


Nom Start vum 27. September 2016, kann ee soen, dat ass äis gegléckt!

Eis Panneau-Aktioun, zwecks Sensibiliséierung, déi schonn 2 x während 2 Méint uechter d’Land ze gesi war, ass gutt bei de Leit ukomm. Dës Panneaue koumen och ëmmer erëm bei aneren Aktivitéiten zum Asaz. Donieft hu mir Bäiträg iwwert a ronderëm d’Landwirtschaft op eiser Facebooksäit, wéi och um Internetsite www.fro-de-bauer.lu gedeelt. Dës Bäiträg hu bis zu 20 000 Leit erreecht.

An deem Kontext hu mir bis elo och iwwer 200 Froen zu verschiddenen Theme beäntwert – dëst iwwert eist Wëssen a mat Hëllef vu Kollegen aus dem Secteur.

Zënterhier op ville Plazen an der Ëffentlechkeet fir d’Saach am Asaz

Duerch déi Opmierksamkeet, déi d’Leit äis geschenkt hunn, sinn natierlech och Journalisten an aner Gruppéierungen, déi meenungsbildend wëlle sinn, op äis opmierksam ginn. Dëst huet dozou gefouert,  datt mir – méi ewéi eng Kéier – an der Tëlee mat eiser Initiativ ze gesi waren. Eis Meenung war bei Artikelen zu aktuellen Themen, wéi beispillsweis “Déieren dobaussen an der Keelt” gefrot an och op Table-Rondë goufe mir als Diskussiounsriedner invitéiert; esou an der Rotonde, wou d’Gréng Stëftung op een Diskussiounsowend iwwert “Dignitéit am Déiereschutzgesetz” opgeruff hat.

Natierlech ware mir den 1. an 2. Abrëll 2017 um “Bauerenhaff an der Stad” bei der Gëlle Fra mat derbäi an hunn och op der “Foire Agricole zu Ettelbréck” eise Bäitrag zur Image-Verbesserung vun der Landwirtschaft bäigesteiert.

Mir haten och probéiert, mam Konsument op där Plaz an d’Gespréich ze kommen, wou hie säi Choix mécht, nämlech am Supermarché; dëst war net vun Erfolleg gekréint, war awer trotzdeem eng Erfarung wäert.

Déi Jéngs als nei Zilgrupp

Well mir esou een héich motivéierte Grupp sinn, wäerten all dës Aktiounen och an Zukunft virulafen. Mir ginn äis awer net domat zefridden!

Duerch deen enorme Wëssensdefizit, deen de Gros vun de Konsumenten iwwert d’Liewensmëttel an hir Produktioun huet, wëlle mir der Saach op de Fong goen a bei deene ganz Klengen ufänken.

Deen neie Projet wëlle mir fir d’Rentrée 2018-2019 lancéieren. Et ass virgesinn, fir bis dohin e Spezialist anzestellen, deen an d’Schoule geet, fir de Schüler d’Produktioun an d’Wäertschätzung vun de Liewensmëttel méi nozebréngen a gläichzäiteg d’Aarbecht vum Bauer ze vermëttelen. Hei hoffe mir op déi néideg Ënnerstëtzung an d’Autorisatioune vu Säite vun den zoustännege Ministèren, fir de Projet kënnen unzekéieren.

Appell un eis Aarbechtskollegen

Mir hu vill an deene 17 Méint, wou mir elo aktiv sinn, geléiert an dofir hei elo och den Appell un all eis Aarbechtskollegen dobaussen: Mir mussen och erëm léieren nozelauschteren; mir all mussen den Dialog sichen an de Konsument als eisen Client a Kolleg gesinn an net als eise Feind. Nëmmen duerch den Dialog kann Onwëssenheet vun deenen 2 Säiten evitéiert ginn a féiert esou zu méi Zefriddenheet beim Bauer, wéi och beim Konsument.

Wanns Du Dech motivéiert fills, fir an eisem Aarbechtsgrupp aktiv ze ginn, da mell Dech einfach bei engem vun eise Memberen.

 

Fir d’Aktioun “Fro de Bauer”

Marc Jacobs
President

 

LLJ, LLJ - Fro de Bauer

Hannerlooss eng Äntwert