Foire Agricole fir Kanner

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, de 5. Juli 2019


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

e Freideg, de 5. Juli 2019 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.

Workshops 2019 (Beschreiwung, Detailer, …): aktualiséiert Lëscht vum 12.06.2019


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne bis de 26. Juni 2019 (um 08:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld vun de Reservatiounen muss e Login ugefrot ginn: workshop.fae.lu

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

 


LLJ

Comments are closed.