Neie Verbandsfändel vun der LLJ a.s.b.l.

Scho vill Stonnen huet d’Madame Michèle Schuler vum Oni’s Workschop um neie Fändel geschafft, fir dat en um Jongbauerendag 2019 virgestallt an ageseeent ka ginn

Dëser Deeg konnt sech d’LLJ-Presidentin Angèle Mersch vum gudde Fortschrëtt bei der Realisatioun vum neie Verbandsfändel vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ iwwerzeegen.

Bekanntlech hat den Nationalcomité sech dat lescht Joer dofir ausgeschwat, fir am Kader vum 90. Anniversaire (2018) en neie Verbandsfändel an Optrag ze ginn.

Zënter, datt d’Skizz vun der Mme Arlette Kieffer vun Näerzeng virläit, si fléisseg Hänn wärend ville Stonnen am Oni’s Workshop zu Veianen derbäi, fir der Kënschtlerin hir Viraarbecht am/um Stoff ze konkretiséieren.

Um neie Verbandsfändel vun der LLJ huet och eis ONG hir Plaz. Déi Verantwortlech vun der LLJ hunn drop gehalen, datt eng ganz Säit vum Fändel fir de Service Coopération reservéiert ass, dee jo bekanntlech zënter 60 Joer e wichtege Bestanddeel vun der Jugendorganisatioun duerstellt.

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.