Invitatioun op d’Bëschofswei vun eisem fréieren Nationalaumônier Leo Wagener

Bëschofswei, den 29. September 2019 um 15:00 Auer an der Kathedral Notre-Dame de Luxembourg an der Stad

De 24. Juli 2019 koum an der Mëttesstonn déi grouss Noriicht: de Chanoine Leo Wagener ass vum Poopst Franziskus zum Weibëschof an der Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt ginn. Dës Ernennung ass net nëmmen e grousst Geschenk fir Lëtzebuerg, mee ganz besonnesch och fir d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ). 20 Joer laang stoung de Leo Wagener ville Jonken a manner Jonke bei der LLJ als Nationalaumônier zur Säit a säin Engagement huet net nëmmen d’LLJ, mee och eis ONG virubruecht.

D’Bëschofswei ass den 29. September 2019 um 15:00 Auer an der Kathedral Notre-Dame de Luxembourg an et ass “eisem” Leo säi Wonsch, datt och d’Membere vun der LLJ häerzlech ageluede ginn! Dofir invitéieren ech Iech alleguerten, fir dësen Dag matzefeieren. Et wier gutt, wann aus all de regionalen LLJ-Gruppen an aus den Aarbechtsgruppen eng Rei Vertrieder dobäi wieren an – natierlech – jiddereen a senger Gruppenuniform. No der Wei wäert sech och e Moment fannen, wou mir äis mat deem neie Weibëschof zesummesetzen an op seng nei Missioun ustousse kënnen!

Romain Richer

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.